Liewenslaf

De Gilles Roth kennt sech matt responsabler Politikgestaltung beschtens aus. Als Buergermeeschter vun Mamer leed hien d’Geschécker vun enger Gemeng der hieren dynameschen Wuesstem ganz besonnesch Erausfuerderungen obwërft. Gemengepolitik, Wunnengsbau an Landesplanung sinn aus dësem Grond och d’Schwéierpunkten déi de Gilles Roth op nationalem Niveau virundreiwen wëll.

De Gilles Roth, deen Droit an Economie studéiert huet, war bis 2007 Regierungsrot am Finanzministère, sou datt och Steierpolitik an d’Justiz zu sengen Interessefelder gehéieren.

„Kompetenz a Gradlinegkeet fir Entscheedungen bei deenen de Mënsch am Mëttelpunkt steet“ ass dem Gilles Roth säin Credo an der Politik.

De Gilles Roth ass bestuet a Papp vun engem 9jähregen Meedchen. Seng knapp Fräizäit verbréngt hien am léifsten matt senger Famill.