Aus der Chamber

Mat 41 Jo-Stëmmen huet d’Chamber géint d’Demande vun der DP an deene Grénge gestëmmt, fir dem Minister Luc Frieden respektiv der ganzer Regierung d’Vertrauen ze entzéien.

Am Kader vun der Sëtzung sot de Premier Jean-Claude Juncker, dat di ganz Regierung, also die 14 CSV-LSAP-Ministeren, dem Luc Frieden hiert Vertrauen ausschwätzt.

De fréiere Justizminister Luc Frieden huet gëschter nach eemol betount, datt hien e Recht huet, fir sech als Minister iwwert de Stand vun Ermëttlungen ze informéieren. Hien huet awer och nach eemol ganz kloer gesot, datt hien et bedauert, wann de Procureur an d’Untersuchungsriichterin seng Froen als e Manktem un Encouragement empfonnt hunn. Esou een Androck wollt de Luc Frieden net ginn.

Fir de CSV-Fraktiounschef Gilles Roth ass et kloer, datt den deemolege Justizminister d’Enquête net stoppe wollt, ma datt hien normal Froe gestallt huet.

Kommunalpolitik

Um Niveau vun de Gemenge gëtt et vill ze schaffen. Landesplanung, Bebauungspläng, Waasserpräis a Gemengefinanze sinn e puer Stéchwierder.

Fir di Aarbecht ze meeschteren, musse Landes- a Kommunalpolitik optimal aneneegräifen. Dozou gehéiere vereinfacht Prozeduren a Strukturen, sou de CSG-President Gilles Roth haut am Luxemburger Wort.